Planung fänkt un
D'Iddi ass zur konkreter Decisioun gereeft: Ech wollt d'Plattform wierklech bauen.
Endlech.lu
D'Plattform fir barrierefrä Gastronomie zu Lëtzebuerg. Zesumme fir méi Inklusioun.
Eis Missioun
Endlech.lu war eigentlech scho säit Jore iwwerfälleg. D'Iddi hat ech schonn als Jugendlechen — eng Plaz, wou Mënsche mat ageschränkter Mobilitéit onkomplizéiert barrierefrä Restauranten zu Lëtzebuerg fannen kënnen. Eppes, dat et esou einfach an iwwersiichtlech ganz einfach nach net gouf.
Barrierefreiheet soll keen Zoufall sinn. Mat Endlech.lu wëlle mir Mënsche mat ageschränkter Mobilitéit hëllefen, Restauranten zu Lëtzebuerg ze fannen, déi wierklech zougänglech sinn — vun der Community gepréift, fir d'Community.
Dës Critèren hëllefen, Restauranten objektiv op hir Barrierefreiheet ze bewäerten.
Den Agang ass ouni Trapen oder Schwellen zougänglech, oder eng Ramp ass disponibel.
En ausgewisene Parkplaz fir Persounen mat enger Behënnerung an der Géigend vum Agang ass disponibel.
Eng rollstullgerecht Toilette mat genuch Bewegungsfreiheet, Haltestangen an erreechemem Wäschbecken ass disponibel.
Breet genuch Gäng, ënnerfuerbar Dëscher a genuch Beweegungsraum tëschent de Sëtzplazen erlaben eng selbststänneg Navigatioun.
D'Personal ass sensibiliséiert a bereet, Mënschen mat Aschränkungen aktiv ze ënnerstëtzen — ouni opdränglech ze sinn.
De Menü ass a gudder liesbar Schrëftgréisst gedréckt oder digital disponibel.
Richteg Bewäertunge vu richtege Visiteure. Keng Reklamm, keng bezuelte Aträg.
Rollstull, WC, Assistenzhënn, Beliichtung — alles op ee Bléck.
Speziell fir d'Lëtzebuerger Gastronomie. Lokal, relevant, aktuell.
D'Iddi ass zur konkreter Decisioun gereeft: Ech wollt d'Plattform wierklech bauen.
Zesumme mat engem Frënd a Partner hunn ech ugefaangen, d'Plattform aktiv ëmzesetzen.
Leider huet et mam Partner net geklappt, an eleng hat ech einfach net d'Zäit. De Projet hunn ech schwéieren Häerzens op Äis geluecht.
Enn 2025 hunn ech beschloss, nees unzefänken — an et dës Kéier duerchzezéien. Mat neier Energie an dem richtegen Tech-Stack.
Endlech.lu geet online — mat richtegen Restaurantdaten, Barrierefreiheets-Filteren, Community-Virschléi an engem komplettem Admin-Panel.
Firwat ech dat maachen
Ech sinn de Michael, 30 Joer al a säit der Gebuert mat SMA2 (Spinale Muskelatrophie Typ 2) betraff. Als passionéierte Programméierer a Fotograf weess ech aus eegener Erfarung, wéi wichteg richteg Barrierefreiheet am Alldag ass — an dat ass genau dat, wat mech bei Endlech.lu undréift.
Hëllef eis, d'Plattform ze erweideren an d'Lëtzebuerg méi barrierefrä ze maachen.
Bleift um Lafenden
Nei Projeten, Apps, Coursen an heiansdo en Abléck — direkt an Är Boîte. Kee Spam, zu all Moment ofmellen.
Är Adress gëtt just fir de Newsletter benotzt. Ofmellen zu all Moment mat enger E-Mail un support@daumedia.lu. Wat Daumedia späichert, steet an der Dateschutzerklärung.